1 Joer Californien (op Letzebuergesch)
Vir d'eischt emol schein Greiss un eis Famill, Frenn, Kolleegen an Bekannten!
Ausnahmsweis schreiwen ech emol op Letzebuergesch, well jo net jiddereen englesch versteet an et och bessen mei einfach as vir mech (mol oofgesin vun der Grammatik).

Ech sin oft gefroot gin wei et dann wier an den USA ze liewen sait ech virun engem Joer eriwer komm sin an hun emer gesoot dass ech mol minimum een ganzt Joer hei sin muss vir daat eventuel kenen ze beuerdeelen. Bon elo as et (schon) een Joer an ech hun secher een besseren Androck wei d'Liewen hei as.

Am Unfank haat ech geduet et wier opreegend an interessant, mee deem waar net sou - zumindest net graad esou wei ech geduet haat. Engersaits hun ech d'Geigend jo schon beschtens kannt, aanersaits as d'Realiteit emer een Steck wait ewech vun den Virstellungen an Dreem wou een huet oder daat waat een an den Hollywood Filmer gesait.

Et gin och eng ganz Rei Saachen wou ech, respektiv mir vermessen. Natirlech Famill an gudd Frenn, d'Letzebuerger Land, awer och eis Wunneng zu Tarforst, dei ganz Staat Treier an Emgeigend - et huet eis wirklech gudd do gefall! Waat et hei och net get sin Buergen, Festungen an aal Dierfer, enk Pavee's Stroossen an Gaesselen - d'Geschichte an Architektur hei sin eng aaner, awer deelweis och ganz interessant. D'Iessen hei as super an gesond, just vir gudd Brout ze fannen as bessen mei schweier.
Et haenkt alles dofunner oof an wei enger Geigend een as: mei aarm = junkfood, mei raich = bio. Am Endeffekt muss jiddereen selwer wessen wei en sech ernaehrt, natirlech as een 99 cent "Burger" vum McDonalds mei belleg ewei een gudden wou ca. $10 kascht. Och net jiddereen kann sech daat leeschten. (mee een $500 Iphone matt $50-100 flat pro mount hun se awer trotzdeem).

Waat nervt as deen ganzen Kommerz, iwerall Reklammen, Breifer, Unriff. Fernseh kucken ech iwerhaapt keen hei, an um Internet huet een d'Gefill ewei wann dei ganzen Zait een geif mattkucken, wann ech zB eng e-mail un d'firma xy schreiwen hun ech dono op mengem facebook eng reklamm vun deenen... Wann een dann bedenkt dass hei keng Iwerweisungen wei an Europa gemaach gin iwert een super secheren Zougang matt passwuert, tokken etc. Nee hei deelt een seng VISA nummer inclusive deenen 3 Zifferen hannendrop einfach iwer Telefon oder per e-mail matt dass deen op der aanerer Sait dann waat och emer oofbuchen kann - respektiv all dei wou mattlauschteren an liesen... wei gudd dass et bei eis naicht ze huelen gett! ;-)

Kriminaliteit as deen aaneren negativen Punkt. Waat een hei an verschiddenen Stiet ewei Oakland erliewt as schon en bessen mei krass ewei zu Letzebuerg, mee an Europa sin se jo och um beschten Wee dohinner. D'Bevoelkerung hei geet vun ultra domm bis super geschait. Onofhaengeg vun der Hautfaarw oder Hierkonft, waat een hei mattkritt as wirklech schweier ze verstoen vir jiddereen matt engem normalen IQ. Drogen sin een Grond dofir an iwerall. Waffen sin eigentlech verbueden, mee esouguer d'Schueler kommen matt Waffen an d'Schoul, also een Verbuet brengt net vill.

Op der aanerer Sait gin et awer och vill positive Saachen, virun allem d'Natur. Hei an der Bay Area as d'Wieder enorm variabel, op puer km kann een en riesen Enerscheed vun Wieder an Temperatur hun. Daat nennt een microclimate an entsteht duerch d'Mier, Bierger an d'Bucht. Amfong kann een sech d'Wieder emer eraussichen. Am Summer gett et zimlech waarm, mee domader hun ech keen sou een groussen Probleem ewei matt der Keelt. Bei 40-49 Graad C 6 Stonnen um Velo op den hechsten Bierg erop (ca.1000m) as mer leiwer ewei bei 0,1 Graad duerch den Reen! Duerch d'Hetzt as am Summer alles zimlech verdrechnet an brong hei, den Wanter as amfong perfekt, well iwer bessen Reen freen ech mech schon, as och mei Spass mam MTB an d'Temperaturen sin daagsiwer eigentlech nie ener 10 C. D'Landschaften an d'Fielsformatiounen, d'Mier an d'Seien, virun allem an den Parken sin beandrockend. D'Stied hei sin och interessant, ech hun bessen mei laang gebraucht bis mer zB San Francisco gefall huet, mee et brauch en bessen vir dei Villfallt un Attraktiounen all ze gesin oder ze erliewen. Nieft all deenen Museen an Austellungen, Konscht an Kitsch, sin daat och dei diverse Kichen aus aller Welt.
Et muss een wessen wou een hingeht, et gin natirlech dei ueblech Touristen plaatzen, wou net ganz falsch sin, awer net emer esou authentesch.

D'Leit hei sin insgesamt super frendlech an immens open. Hei gin et souvill verschidden Nationaliteiten, Hautfaarwen, Reliounen etc dass amfong keen opfaellt oder aus der Mass erausstescht.

Alles an allem lieft et sech ganz gudd hei, an mettlerweil denken ech och net dass ech rem zereck op Letzebuerg plenneren weillt. Vir puer Meint am Summer as et gudd, mee den Wanter as sou deprimant an elo wou ech wees wei herrlech et dogeint hei as obwuel mer dest Joer een "El Nino" hun an et iwermeisseg vill reent.
Dei Fotoen sin vun verschiddenen Plaatzen iwert d'ganz Joer verdeelt an passen eigentlech net zum Text, irgendwann maachen ech een post vun der "donkler sait vun Californien" mee vir elo beloosen mer et mol bei den flotten Fotoen! ;-)
Mir freen eis natirlech och iwert aer Resonanz oder een scheine Bonjour - meld iech roueg an mir gesin eis speidstens am Summer zu Letzebuerg!
Ween mei iwert d'Bay Area wessen well:
https://en.wikipedia.org/wiki/San_Francisco_Bay_Area
Eis facebook Sait:
https://www.facebook.com/Dirty-Sundays-258353474318230/